FuttballPaderborn wëll ënner aktuelle Konditioune Laurent Jans net kafen

RTL Lëtzebuerg
Eisen Informatioune no kann den SC Paderborn d'Kafoptioun fir de Laurent Jans, sou wéi se am Kontrakt vum Lëtzebuerger Profi virgesinn ass, net zéien.

Zënter der leschter Woch steet Paderborn jo als éischten Ofsteiger aus der éischter Däitscher Futtball Bundesliga fest. De Kapitän vun der FLF-Nationalekipp ass jo vum FC Metz just an Däitschland ausgeléint an huet nach e Kontrakt vun engem Joer bei de Grenats. Lo dierft et also eng Verhandlungssaach ginn, ob Paderborn a Metz sech eens ginn , fir datt de 27 Joer ale Rietsverdeedeger definitiv bei den SCP kéint wiesselen.

Back to Top
CIM LOGO