
De Patrick Grettnich huet beim Stater Racing als Directeur Sportif opgehalen. Den 48 Joer ale fréiere Stiermer, deen zanter 2017 um Verluerekascht war, an do och d’Funktioun vum Trainer schonn hat, gëtt vum Iles Haddadji ersat. Den 30 Joer alen Haddadji war ënnert anerem scho Spiller zu Diddeleng an zu Munneref.