Biathlon-WMPonsiluoma séchert sech iwwerraschend Gold am Sprint

RTL Lëtzebuerg
Bei der Biathlon-Weltmeeschterschaft zu Pokljuka a Slowenien konnt sech am Sprint no 10 Kilometer de Martin Ponsiluoma duerchsetzen.
© AFP

Eng iwwerraschend Victoire fir de Schwed. Hien ass feelerfräi bliwwen a war och am Lafe séier ënnerwee. Och op der zweeter Plaz stoung een Athlet, mat deem ee wuel net gerechent hat. De Simon Desthieux aus Frankräich konnt sech nämlech d’Sëlwermedail sécheren, hien hat 11 Sekonne Retard. Mat 12 Sekonne Réckstand goung Bronze un den Emilien Jacquelin, den zweete Fransous, deen allerdéngs als eenzege vun den 3 um Podium e Feeler um Schéissstand hat.

De grousse Favorit, de Johannes Thingnes Boe aus Norwegen, hat sech um Schéissstand 2 Feeler erlaabt a koum um Enn mat engem Retard vu gutt 22 Sekonnen op déi 5. Plaz. Et ass dann och déi éischte Kéier an dësem Wanter, datt an engem Sprint keen Norweger um Podium steet. Klengen Trouscht ass, datt der op d’mannst 4 an der Top 10 waren.

Back to Top
CIM LOGO