Champions League VéierelsfinallReal Madrid géint Liverpool a Bayern géint PSG

RTL Lëtzebuerg
Mat an der Course sinn zwee Veräiner aus Däitschland, dräi aus England an all Kéier een aus Frankräich, Spuenien a Portugal.
© AFP (Archiv)

E Freideg an der Mëttesstonn war d’Auslousung vun de Véierelsfinallen an der Futtball Champions League zu Nyon. Do kënnt et zum Remake vun der Finall vum leschte Joer tëscht dem Titelverdeedeger FC Bayern München an dem franséische Champion Paris-Saint-Germain. Da gëtt et awer och nach d’Finall vun 2018 tëscht Real Madrid an dem FC Liverpool.

All d’Matcher vun de Véierelsfinallen am Iwwerbléck

Manchester City - Borussia Dortmund

FC Porto - Chelsea FC

FC Bayern München - Paris-Saint-Germain

Real Madrid - FC Liverpool

Den Iwwerbléck vun den Halleffinallen

Bayern/Paräis - Manchester City/Dortmund

Real/Liverpool - Porto/Chelsea

Heemrecht an der Finall hätt de Gewënner vun der éischter Halleffinall, als Bayern, PSG, Man City oder Dortmund.

D’Allersmatcher fir d’Véierelsfinalle si fir de 6. a 7. Abrëll geplangt, d’Retourmatcher fir déi Woch dono. De 27. a 28. Abrëll respektiv den 4. a 5. Mee ginn d’Halleffinalle gespillt. D’Finall vun der Champions League ass den 29. Mee am Atatürk Olympic Stadium zu Istanbul.

Back to Top
CIM LOGO