BundesligaRechter haaptsächlech bei Sky an DAZN

RTL Lëtzebuerg
D'DFL huet d'Fernseerechter fir déi 1. an 2. Bundesliga fir d'Saisonen 21/22 bis 24/25 verdeelt.

D'Vergi vun de Rechter huet sech net esou fir d'Veräiner gerechent, wéi si dat erwaart hunn. Et ass déi éischte Kéier zanter 2002, datt d'Rechter fir manner Geld verkaf goufen, wéi déi Kéier virdrun.

Sky

Den däitsche Pay-TV-Sender bleift weider de wichtegste Mediepartner vun der Bundesliga. Si weisen all d'Matcher um Samschdeg an d'Matcher, déi dënschdes a mëttwochs gespillt ginn. Ronn 170 Partien, dorënner d'Relegatioun vun der 1. Bundesliga, ginn um Münchener Sender iwwerdroen. Donieft sinn 35 Konferenze geplangt.

D'Rechter fir déi zweet Bundesliga huet sech de Sender komplett geséchert.

DAZN

D'Matcher freides esou wéi déi sonndes gi vum Streaming-Déngscht iwwerdroen. Am ganzen huet DAZN domadder d'Rechter un 106 Matcher. D'Matcher um Méindeg den Owend falen ewech.

Sat1

Fir ganzer 9 Matcher huet sech de Free-TV-Sender d'Rechter geséchert, dorënner e Match um 1. Spilldag vun der éischter an zweeter Bundesliga, d'Relegatioun an och de Supercup.

ARD/ZDF

Béid Sender wäerte samschdes Owes de Resumé vun de Partien iwwerdroen.

Sport1

Nieft Sky huet sech Sport 1 d'Rechter vun der zweeter Liga geséchert, datt awer just fir verschidde Matcher. Ganzer 33 Partie wäerte um Free-TV-Sportsender iwwerdroe ginn, dat ëmmer samschdes Owes um 20.30 Auer.

Back to Top
CIM LOGO