FLF deelt matReferendum iwwer Spillmodus am nationale Futtball

RTL Lëtzebuerg
D'FLF huet en Dënschdeg, no enger Entrevue mat der LFL e Méindeg, kommunizéiert, wéi et an der BGL Ligue kéint weidergoen.

D’FLF huet en Dënschdeg annoncéiert, datt et ee Referendum iwwert de Spillmodus an der BGL Ligue wäert ginn. D’Veräiner kennen tëscht zwou verschidde Proposen decidéieren.

An deem engem Fall, deen no Gespréicher e Méindeg mat de Veräiner festgehale gouf, géif déi iewescht Divisioun vu 14 op 16 Ekippen opgestockt ginn an och bei deem Modus bleiwen, sou datt et keng zwou Iwwergangssaisone géife ginn.

An deem anere Fall, also der Propos vum 26. Mee ass geplangt, bannen zwee Joer vu 16 op 15 an duerno nees zeréck op 14 Ekippen an der BGL Ligue ze kommen.

D’Veräiner kréien e Freideg vun der Futtball-Federatioun d’Ënnerlagen an d’Detailer iwwert de Verlaf geschéckt.

Déi national Transfertperiod gouf bis de 6. Juli verlängert.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO