
Leicester City - FC Arsenal 0:1
0:1 Martinelli (46')
Béid Ekippen hu sech schwéier gedoen, fir gutt Occasiounen erauszespillen. Direkt no der Paus war et dunn de Martinelli, dee mam eenzege Gol vum Dag fir d’Entscheedung gesuergt huet an de “Gunners” déi wichteg dräi Punkte geséchert huet.
AFC Bournemouth - Manchester City 1:4
0:1 Alvarez (15'), 0:2 Haaland (29'), 0:3 Foden (45'), 0:4 Mepham (51', Selbstgol), 1:4 Lerma (83')
Nom Remis an der Champions League géint RB Leipzig wënnt Manchester City bei Bournemouth däitlech. D’Ekipp vum Pep Guardiola huet de Match beim Zweetleschten scho virun der Paus entscheet a bleift domat mat engem Match méi 2 Punkten hannert Arsenal.
Crystal Palace - Liverpool 0:0
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FC Empoli - SSC Neapel 0:2
0:1 Ismajli (17', Selbstgol), 0:2 Osimhen (28')
Neapel ass weiderhin net ze stoppen an hat no der Victoire géint Frankfurt ënnert der Woch och keng Problemer mat Empoli. D’Neapolitaner stinn domat elo mat 18 Punkten Avance un der Spëtzt vun der Serie A, dat mat engem Match méi wéi den Tabellenzweeten Inter Mailand.
US Lecce - Sassuolo Calcio 0:1
0:1 Thorstvedt (65')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
SCO Angers - Olympique Lyon 1:3
0:1 Mendes (38'), 0:2 Sarr (80'), 1:2 Sima (87'), 1:3 Barcola (90+2')
Nodeems de Mendes seng Faarwen duerch ee Fräistouss a Féierung bruecht huet, konnt de Sarr ronn 10 Minutte viru Schluss nach een dropsetzen. Nom Sima sengem Gol ass nach eemol kuerz Spannung opkomm, ma de Barcola huet dunn den Deckel dropgemaach. Lyon ka sech no dëser Victoire géint den Tabelleleschten weider Hoffnungen op déi international Plaze maachen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Cádiz - Rayo Vallecano 1:0
1:0 Guardiola (74')
Real Madrid - Atlético Madrid 1:1
0:1 Gimenez (78'), 1:1 Rodriguez (85')
Opgrond vun enger rouder Kaart no 64 Minutten fir Atlético huet et am “Derbi madrileño” no enger Fro vun der Zäit geschéngt, bis déi dominant “Kinneklech” a Féierung ginn. An der 78. Minutt war et awer de Gimenez, dee seng Faarwen no engem Fräistouss a Féierung käppe konnt. Real Madrid huet dat net laang op sech sëtze gelooss a just e puer Minutten drop duerch de jonke Rodriguez ausgeglach. Fir méi ass et fir d’Lokalekipp net méi duergaangen, déi elo bei engem Match méi ee Réckstand vu 7 Punkten op Barcelona huet.