
De Lëtzebuerger Badminton-Spezialist kënnt och fir d'Olympesch Summerspiller d'nächst Joer zu Tokio a Fro.
De Géigner de Méindeg de Mëtteg war de staarke Russ Vladimir Malkov. De 34 Joer ale Sportzaldot huet sech mat 0:2 (17:21, 14:21) géint de Malkov misse geschloe ginn, deen d'Nummer 60 op der Welt ass. En Dënschdeg kritt de Cosl-Athlet et mat engem Spiller aus dem Aserbaidschan ze dinn.
