
Den 12. Oktober hat den IOC den ROC mat “Effet immediat” suspendéiert. Dem IOC no hätt een domadder op de “Broch vun der olympescher Charta” reagéiert.
Hannergrond vun der ganzer Affär ass, datt den ROC d’Sportorganisatiounen aus de vu Russland eesäiteg annektéierten ukrainesche Regioune Cherson, Saporischschja, Donezk a Luhansk als Memberen opgeholl hat. Domadder hat Russland “déi territorial Integritéit vum ukraineschen NOK verletzt”, esou den IOC. Vum russesche Comité kënnt awer elo d’Fuerderung, datt een nees opgeholl soll ginn, dat mat all de Rechter, déi domadder kommen.
Den CAS fänkt elo un, d’Schreiwes vu béide Parteien ze beurteelen. Géint d’Decisioun vun de Riichter kann dono nach an engem Zäitraum vun 30 Deeg eng Plainte um Schwäizer Bundesgeriicht gemaach ginn.