AntidoppingRussland akzeptéiert Urteel vum Tas

RTL Lëtzebuerg
D'Rusada, d'russesch Antidopping-Agence akzeptéiert d'Urteel vum TAS, dem Internationale Sportsgeriicht zu Lausanne, a geet net an Appell.
© AFP

Wéi et vun der Rusada heescht, mécht een dat am Interêt vun den Athleten. Nom Urteel vum Tas däerfen d’Sportler déi nächst 2 Joer net ënner russeschem Fändel a mat hirer Nationalhymn un de Kompetitiounen deelhuelen.

Dat Ganzt geet jo op d’Doppingpraktiken a Russland zeréck, déi no den Olympesche Wanterspiller vu Sotschi 2014 opgeflu waren.

Back to Top
CIM LOGO