
Am englesche Championnat gouf ee Match vum 32. Spilldag nogeholl. Den Arsenal setzt sech mat 2-0 géint Newcastle duerch.
Resultater an TabellenAn der Coupe de France gëtt um Dënschdeg déi éischt Halleffinall gespillt. Lyon kritt et mat Rennes ze dinn. Déi aner Halleffinall tëscht dem PSG an Nantes ass op e Mëttwoch ugesat.
Am däitschen DFB-Pokal stinn d’Véierelsfinallen um Programm. Um Dënschdeg den Owend spillen Paderborn géint den HSV an Augsburg géint Leipzig. Um Mëttwoch den Owend sinn et dann d’Matcher Bayern München géint Heidenheim a Schalke géint Bremen.