Internationale FuttballSchalke erkämpft sech e Punkt, den AC Mailand sech der dräi

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich gouf et nach eng däitlech Victoire vun Nice an a Spuenien huet Cadiz 3 wichteg Punkten am Ofstigskampf matgeholl.
© AFP

Bundesliga

FC Schalke 04 - VFL Wolfsburg 0:0

Wolfsburg hat fréi am Match d’Chance, fir a Féierung ze goen. No manner propperen Zeenen am Schalker Strofraum huet den Arbitter d’Videobiller gekuckt an dem VFL no 8 Minutten en Eelefmeter zougesprach, deen den Arnold awer just op de Potto geschoss huet. Wat Golchance betrëfft, war dëst och den Highlight vun den éischte 45 Minutten. No der Paus hunn d’Supporter vun der Heemekipp gefeiert, well den Kral an der 50. Minutt anscheinend e Gol geschoss huet. Ma nees gouf de VAR ageschalt an de Gol gouf annuléiert, dat wéinst Abseits. Eng 25 Minutten méi spéit hat Schalke nees getraff, ma dëst Kéier hat de Mann un der Linn scho gesinn, datt de Frey ze fréi gestart war. Esou bleift et an dësem Match bei engem 0:0, dee keng Ekipp wierklech weiderbréngt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Serie A

AC Mailand - FC Turin 1:0
1:0 Giroud (62')

Mailand, déi aktuell ëm eng Plaz an der Champions League kämpfen, huet sech géint Turin, déi un der Dier vun der Europa League klappen, schwéier gedoen. Turin hat auswäert méi Ballbesëtzt a méi Ofschlëss, hinnen huet awer d’Prezisioun gefeelt. Vill Chancen hat den AC dogéint och net, ma eng no eppes méi wéi enger Stonn ass dem Giroud duergaangen. Den Hernandez, dee kuerz drop eng honnertprozenteg Chance fir den 2:0 leie gelooss huet, hat an dëser Situatioun e gutt Aen an huet dem Fransous de Ball ideal virgeluecht, fir datt deen e just nach mam Kapp huet missten iwwert d’Linn drécken. Et sollt da bei dësem Gol an de wichtegen dräi Punkte fir den AC Mailand bleiwen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

OGC Nice - AC Ajaccio 3:0
1:0 Dante (3'), 2:0 Brahimi (69'), 3:0 Brahimi (90'+1)

Fir um internationale Geschäft drunzebleiwen brauch Nice déi dräi Punkte géint Ajaccio, déi matten am Ofstigskampf sinn. Dat huet ee fréi gesinn, wéi d’Ekipp aus der Metropole un der Côte d’Azur schonn no 3 Minutten a Féierung gaangen ass, nodeem den Dante fräi virum Goal opgetaucht ass. Ajaccio hätt kéinte kuerz virun der Paus ausgläichen, ma de Käppert vum El Idrissy ass knapp iwwert de Gol gaangen. An der 69. Minutt huet de Brahimi du mat der éischter richteger Chance nom Säitewiessel den 2:0 markéiert an, nodeem Ajaccio nees eng gutt Chance leie gelooss huet, huet hien an der Nospillzäit och nach op 3:0 erhéicht, wat och d’Schlussresultat war.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

FC Cadiz - FC Girona 2:0
1:0 Escalante (6'), 2:0 Guardiola Navarro (34')

Et sinn dräi wichteg Punkten am Kampf ëm den Ofstig a Spuenien, déi Cadiz um Freideg geholl huet. Well mat dëser Victoire sti se aktuell net méi op engem Ofstigsplaz, mä op der 15. Plaz an der Tabell. Dat elo mat 22 Punkten 2 Punkte viru Valencia op der 18, wat en Ofstig bedeite géif, awer och just 2 Punkt Retard op den 11., wou hiren aktuelle Géigner Girona steet. Dëst weist, datt a Spuenien aktuell ganzer 10 Ekippen géint den Ofstig spillen. Ma e Bléck op de Match: Et war grad d’Ufanksphas, wou Cadiz déi besser Ekipp war a mat hiren zwou éischt gudde Chancen no 6 a 34 Minutten och déi zwee eenzeg Goler an dësem Match geschoss hunn. D’Victoire kënne zwar grad hirer Defense verdanken, well déi huet am ganze Match just ee Schoss op de Gol zougelooss.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO