
Lues awer sécher fänkt d'Kribbele bei de Sportler a Sportlerinnen un, déi vun e Freideg un, bei der zweeter Editioun vun den Europaspiller dobäi sinn. 24 COSL-Athlete sinn an 9 Sportaarten an der wäissrussescher Haaptstad Minsk dobäi. De Chef de Mission Heinz Thews ass zanter e Freideg op der Plaz.