Internationale FuttballStuttgart wënnt den Allersmatch vun der Relegatioun

RTL Lëtzebuerg
Doheem konnt sech e Veräin aus der Bundesliga kloer géint den Zweetligist aus Hamburg duerchsetzen.
© Photo by Tom Weller / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

46 Sekonnen huet Stuttgart gebraucht, fir d’Stëmmung am eegene Stadion explodéieren ze loossen. De Mavropanos war no engem Corner am Strofraum méi héich wéi all seng Géigner gesprongen an hat dem Fernandes am Hamburger Gol keng Chance gelooss. An der 11. Minutt hat den HSV du Chance, well den Arbitter mat Hëllef vum VAR dem VFB Stuttgart keen Eelefmeter zougesprach huet. No 27 Minutten dunn huet de VAR der Heemekipp dunn awer en Penalty zougesprach, ma de Guirassy hat géint de Fernandes am Gol keng Chance, esou datt et bei der knapper 1:0-Féierung fir Stuttgart bliwwen ass. Mat just engem Gol Réckstand ass et fir den HSV an d’Paus gaangen. D’Gäscht hate Chance, datt déi Stuttgarter e puer gutt Méiglechkeeten net genotzt hunn. Si selwer koumen zu wéineg geféierlechen Aktiounen.

Kuerz no der Paus huet Stuttgart awer séier erhéicht. Eng gutt Passkombinatioun ass no 51 Minutte beim Ex-Hamburger Vagnoman ukomm, deen op 2:0 gesat huet an 3 Minutte méi spéit huet de Sosa seng zweet Virlag duerch e Corner an dësem Match ginn, dëst d’Kéier war de Guirassy méi héich wéi all déi aner gesprongen. No ronn enger Stonn hat den HSV dunn duerch ee Glatzel eng grouss Chance, ma säi Käpper war knapp laanscht de Gol gaangen. Net méi einfach huet Suhonen d’Situatioun fir seng Ekipp gemaach. No engem béise Foul krut den Hamburger direkt Rout, hie stoung grad emol néng Minutten um Terrain. An de leschte Minutten huet Stuttgart nach zwou gutt Chance leie gelooss, gewënnt awer trotzdeem ouni gréisser Problemer den Allersmatch vun der Relegatioun kloer mat 3:0.

E Méindeg den Owend ass dann zu Hamburg de Retourmatch.

Back to Top
CIM LOGO