
Wéi den “Lessentiel” mellt, wier den Tim Hall um Sprong fir an d’Ukrain. RTL-Informatiounen no kéint den Transfert vum 22 Joer alen Defenseur vun Nidderkuer schonn dëse Weekend iwwert d‘Bühn goen. De Progrès géif säi Spiller och goe loossen.
Den Hall géif bei Karpaty säi fréieren Teamkolleg Marvin Martins erëmgesinn, dee jo dëse Summer vun deene Gielschwaarzen op Lviv transferéiert gouf.
Iwwerdeems kéint de Wiessel vum Gerson Rodrigues vu Jubilo Iwata aus Japan bei Dynamo Kiew um Freideg offiziell ginn.