BiathlonTiril Eckhoff ass a bleift aktuell déi beschte Biathletin

RTL Lëtzebuerg
D'Norwegerin kann nom Sprint och d'Poursuite zu Nové Mesto gewannen a schéngt aktuell vu kenger Athletin ze schloen ze sinn.
© AFP (ARCHIV)

No 2 Victoire zu Nove Mesto an Tschechien steet Tiril Eckhoff domat kuerz virum Gewënn vun hirer 1. Victoire am Gesamtweltcup. No 3 Schéiss-Feeler ka sech Norwegerin kloer mat 24 Sekonne Virsprong virum Denise Herrmann aus Däitschland duerchsetzen. Fir déi däitsch Biathletin war et déi éischte Kéier an dësem Wanter wou si sech konnt ënnert deenen éischten 3 klasséieren. Marte Olsbu, aktuell zweeten am Weltcup, fiert op déi 3. Plaz.
Bei den Häre gouf et een norwegeschen Doublé. Et gewënnt den Tarje Bö viru sengem Brudder Johannes Tinjes Bö. Drëtte gouf de Fransous Simon Desthieux.

Back to Top
CIM LOGO