No 20 JoerTom Brady verléisst New England Patriots

RTL Lëtzebuerg
Dat huet de Quarterback via Twitter matgedeelt. Wouhin et wäert goen, ass nach ongewëss.

No 20 Joer a 6 Superbowle mam Veräin an der Géigend vu Boston, wäert den Tom Brady, de G.O.A.T., elo d'Patriots verloossen a sech enger neier Franchise uschléissen. Wou den 42 Joer ale Brady déi nächst Saison wäert spillen, ass aktuell nach net gewosst. Nodeem d'San Francisco 49ers him ofgesot hunn an d'Las Vegas Raiders de Marcus Mariota als Quarterback u Land gezunn hunn, ginn et aktuell Gerüchter, datt den Tom Brady op Los Angeles bei d'Chargers oder op Tampa bei d'Buccaneers kéint wiesselen.

Back to Top
CIM LOGO