
Dës Champions-League-Saison huet et wierklech a sech! Dat ass dat Mannst, wat ee soe kann. Nom geckegen éischte Retourmatch en Dënschdeg tëscht Liverpool a Barcelona, war de Retourmatch vun der zweeter Halleffinall e Mëttwoch den Owend tëscht Ajax Amsterdam an Tottenham Hotspur net manner mëll ... En Hattrick vum Lucas Moura huet fir eng net méi fir méigleche gehale Volte gesuergt!

Ajax konnt d’Partie am Fong labber ugoen, hat een dach auswäerts 1:0 gewonnen. A mat vill Elan sinn d’Hollänner dann och an de Match gaangen, direkt eng super Chance an der 3. Minutt, do konnt de Lloris nach paréieren, ma eng Minutt drop huet et gerabbelt: 1:0 duerch den De Ligt.
Deen huet domat weider Geschicht geschriwwen, well nom Nordin Wooter (1996 fir Ajax), dem Obafemi Martins (2003 fir Inter) an dem Mbappe (2017 fir Monaco) ass den De Ligt eréischt de 4. Spiller ënner 20 Joer, deen an enger Champions-League-Halleffinall getraff huet ... allerdéngs ass den De Ligt deen eenzegen Defenseur vun de Wonnerkicker ënner 20.
Ma Tottenham huet gekontert an hat an der 6. Minutt Pech, wéi et just de Potto gouf ...
Besser huet et dunn den Ziyech an der 35. Minutt gemaach: 2:0 fir Ajax an et huet ee geduecht, d’Mass wier gelies.
Duerno haten d’Englänner Problemer mat der Moral, si hunn d’Läpper e bëssen hänke gelooss. Mat dem 2:0-Avantage fir Ajax goung et an d’Paus, d’Hollänner waren deen Ament also 3 Goler vir - genee wéi Barcelona nom Allermatch géint Liverpool ... e schlecht Omen?
No der Paus huet een eng aner Ekipp vun Tottenham erlieft an den Drock huet sech rentéiert, well duerch zwee Goler bannent 4 Minutte vum Moura stoung et op eemol 2:2 - et war also nees alles op, well mat nach just engem weidere Gol wier Tottenham dann duerch gewiescht ...
An Tottenham huet dru gegleeft an déi jonk Ajax-Ekipp huet gewackelt.
Et goung hin an hier - Potto op där enger, Lat op där anerer Säit. Eng Sensatioun louch an der Luucht ... ma d’Zäit huet den Englänner geschéngt fortzelafen ...
... ma an der 96. Minutt ass d’Wonner dunn awer nach Realitéit ginn, wéi de Moura säin 3. Gol fir den Owend geschoss huet: 3:2 fir d’Spurs, wéinst den Auswäertsgoler goung dat duer.
Domat kennt et zu enger reng englescher Finall an der Champions League: Tottenham géint Liverpool heescht de Schock zu Madrid ... dobäi hat et zimlech no Amsterdam-Barcelona ausgesinn.
Verréckt Futtballwelt!
RTL-NEWS: Champions League - Liverpool schockt Barcelona: aus 0:3 gëtt 4:3. All d’Goler am Video.