COSLTraditionellt Spillfest ofgesot an ënner virtueller Form

RTL Lëtzebuerg
D'Organisateure vum "COSL Spillfest" hunn decidéiert, hiert traditionellt Sportsfest op der Kockelscheier ëmzeplangen.

En vue vun der aktueller Situatioun vun der Covid-19 Pandemie, konnt de Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois (COSL) leider net op traditionell Manéier säi sportlecht Event “COSL Spillfest – Sport a Spill fir d’ganz Famill” um Dag vu Christi Himmelfaart ronderëm de Séi op der Kockelscheier organiséieren.

Am Zesummenaarbecht mam Sportsministère huet de COSL dëst Joer un enger virtueller Versioun vun hirem Spillfest geschafft, bei där all Sportsbegeeschterten - Grouss a Kleng - ka matmaachen. De Fokus läit am Allgemengen op Familljen a besonnesch op Kanner vun 3 bis 12 Joer.

Déi 39. Editioun vum 21. Mee bis den 21. Juni ass deemno e virtuelle Parcours mat Sportsatelieren. Méi Detailer an eng interaktiv Kaart mat den eenzele Parcourse fënnt een op www.spillfest.lu.

Back to Top
CIM LOGO