
Den aktuellen Trainer Charel Leweck a säi Co-Trainer Gilles Dhamen hunn nämlech decidéiert, um Enn vun der Saison opzehalen. De Veräin huet hinne vill ze verdanken, sou déi Responsabel weider (4 Saisonen an der Éierepromotioun an eng als Champion an der 1. Divisioun).
Den FC72 mécht sech elo op d’Sich no engem neien Trainer fir d’nächst Saison.
De fréieren Nationalspiller Charel Leweck sot RTL, datt hien no 5 schéinen a léierräiche Jore sech nei orientéieren wëll.