Europameeschterschaft Play-OffsUngarn eliminéiert Bulgarien, Island wënnt géint Rumänien

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg goufen d'Halleffinalle vun de Play-Offs gespillt, via déi sech nach Ekippe fir d'Europameeschterschaft qualifizéiere kënnen.
© AFP

Ungarn konnt sech hei 3:1 a Bulgarien duerchsetzen, dat no Goler vum Orban (17'), Kalmar (47') an Nikolics (75'). Fir Georgien hat den Yomov an der 89. Minutt markéiert. Si treffen an der Finall vun hirer Grupp op Island, déi 2:1 doheem géint Rumänien konnte gewannen. Fir d'Islänner hat de Sigurasson an der 16. a 35. Minutt markéiert, de Maxim hat an der 63. Minutt e Penalty fir Rumänien erageschoss.

De Match tëscht Bosnien-Herzegowina an Nordirland huet no 120 Minutten nom Eelefmeterschéisse missten entscheet ginn. Am Match hat den Krunic an der 14. Minutt d'Bosnier a Féierung bruecht, no 53 Minutten huet de McGinn den Ausgläich geschoss. Vum Punkt haten den Hajradinovic an de Visca hir Schëss net verwandelt, fir d'Nordiren hat just de Saville net getraff. Si treffen op d'Slowakei, déi sech och am Eelefmeterschéisse géint Irland duerchgesat hunn. Hei stoung et no 120 Minutten 0:0. D'Slowaken haten hir 4 Schëss verwandelt, ma de Browne an den Doherty waren um Rodak hänke bliwwen.

Norwegen géint Serbien huet missten an d'Verlängerung goen, nodeem de Milinkovic d'Serben an der 82. Minutt a Féierung bruecht hat, hie war 2 Minutte virdrun agewiesselt ginn, an den Normann nach viru Schluss konnt ausgläichen. An der 102. Minutt war et dunn nees de Milinkovic, deen de Match entscheede konnt. Si treffen an hirer Finall op d'Schotten, déi no engem 0:0 no 120 Minutte sech och am Eelefmeterschéisse géint Israel behaapt hunn. D'Schotten hate 5 vu 5 Schëss erageschoss, den Zahavi war awer vum Punkt net laanscht de Marschall komm.

Eng 1:0 Victoire ass Georgien duergaangen, fir sech géint Belarus ze behaapten. Schonn an der 7. Minutt hat den Okriashvili vum Punkt markéiert. Si treffen op de Nordmazedonien, déi no engem Selbstgol vum Kololli an engem Gol vum Velkoski géint de Kosovo gewanne konnten. Den Hadergjonaj hat den tëschenzäitlechen 1:1 markéiert.

D'Finalle ginn den 12. November gespillt. Déi Ekippen, déi sech hei duerchsetzen, hu sech domadder och fir d'Europameeschterschaft 2021 qualifizéiert.

Back to Top
CIM LOGO