
Union Berlin setzt sech am Owesmatch mat 2:1 bei RB Leipzig duerch a bleift soumat den éischte Verfolger vu Bayern München. Am Ufank gouf et vill intensiv Zweekämpf, mee et war Leipzig, dat déi besser Chancen hat a verdéngt mat 1:0 an d’Paus goung. D’Berliner koume besser aus de Kabinnen a konnten an der 61. Minutt eng vu ville Chancen zum Ausgläich notzen. Knapp zéng Minutte méi spéit sinn d’Gäscht duerch en Handeelefmeter a Féierung gaangen. Duerno huet Leipzig nees d’Kontroll iwwerholl an och geduecht, den 2:2 markéiert ze hunn, éier de VAR agegraff an de Gol annuléiert huet. Union Berlin bleift no dëser Victoire an der Tabell ee Punkt hannert de Bayern.
Bayern München gewënnt 3:0 géint Bochum. Den FCB hat an der éischter Hallschent kloer d’Iwwerhand, huet awer eréischt kuerz virun der Paus no engem individuelle Feeler vu Bochum den 1:0 kënne schéissen. An den zweete 45 Minutten huet Bayern de Match weider kontrolléiert an duerch den 2:0 vum Coman an en Eelefmeter vum Gnabry de Match fir sech entscheet. Mat dëser Victoire bleiwen d’Bayern un der Tabellespëtzt.
Dortmund setzt sech an engem intensive Match 2:0 zu Bremen duerch. Déi éischt 20 Minutten hunn de Gäscht aus dem Ruhrgebitt gehéiert, déi och déi eng oder aner gutt Golchance haten, mee um Bremer Golkipp gescheitert sinn. Bremen koum lues a lues an de Match an hat bis zur Paus och déi eng oder aner Golméiglechkeet, mee et soll mat 0:0 an d’Paus goen. An der 67. Minutt sollt den 18 Joer jonke Bynoe-Gittens déi Schwaarz-Giel mam 1:0 erléisen. Bremen hat wuel nach e puer Chancen, mee de Brandt huet kuerz viru Schluss de Sak fir de BVB zougemaach.
Am Derby tëscht Baden a Schwaben behaapt sech Freiburg mat 2:1 géint Stuttgart. D’Ekipp aus dem Breisgau huet schwéier an de Match fonnt an hat Krämpes sech Golchancen erauszespillen. Stuttgart sollt mat der éischter gelongener Aktioun den 1:0 gelénge wéi de Führich aus 25 Meter ofgezunn hat. Nom Säitewiessel hat Freiburg schonn den Ausgläich gefeiert, éier en duerch de VAR zeréckgeholl gouf. Freiburg sollt duerch en Eelefmeter zeréck an de Match kommen an och den zweete Gol sollt op en Eelefmeter hi falen.
Mainz gewënnt doheem souverän mat 3:1 géint Augsburg. Nodeems déi éischt 20 Minutte quasi näischt geschitt war, si bannent aacht Minutten net manner wéi dräi Goler gefall, soudass Mainz zur Paus mat 2:1 a Féierung louch. Nom Säitewiessel huet Mainz den Elan aus der éischter Hallschent matgeholl a séier den 3:1 geschoss. Augsburg krut e Gol no Iwwerpréiwung duerch de VAR oferkannt an hat duerno keng gréisser Golchance méi.
Hoffenheim verléiert mam neien Trainer Pellegrino Matarazzo mat 1:3 géint Leverkusen. D’Gäscht ware schonn an der sechster Minutt a Féierung gaangen an hunn duerno weider konsequent no vir gespillt an Hoffenheim keng gréisser Golchancë gebueden. Direkt no der Paus sollt Werkself de Match mat zwee séiere Goler zu hire Gonschten decidéieren. Hoffenheim konnt nach den Éieregol markéieren, mee ass elo säit eelef Matcher op dräi Punkten.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.