
Bayern München - FSV Mainz 05 6:1
Bayern hat an der Ufanksphas vun der Partie Schwieregkeeten, an de Match ze kommen. Dat louch virun allem un de Mainzer, déi ouni de Leandro Barreiro ugetruede sinn. Nawell konnte si no nëmme 6 Minutten duerch de Boëtius a Féierung goen. Kuerz virun der Paus ass Bayern besser ginn an an der 36. Minutt konnt de Pavard ausgläichen an an der 45. Minutt konnt den Alaba per Fräistouss esouguer den 2:1 schéissen. No der Paus konnt mam Perisic dunn och ee vun den neie Spiller markéieren an zwar den Ivan Perisic. Kuerz drop konnt de Coman dunn esouguer op 4:1 stellen. D’Bayern haten nach ëmmer net genuch an esou huet de Lewandowski och nach e 5. Gol markéiert an den agewiesselten Davies esouguer nach e 6. Gol.
FC Schalke 04 - Hertha BSC 3:0
E Samschdeg war et absolut net den Dag vun Hertha BSC Berlin. D’Ekipp aus der däitscher Haaptstad huet sech mat 0:3 misse geschloe ginn an dobäi hu si sech zwee Goler selwer erageschoss. De Kenny war e Samschdeg deen eenzege Schalker dee getraff huet.
SC Freiburg - 1. FC Köln 1:2
Köln ass eigentlech gutt an d’Saison gestart, ma nawell hu si 0 Punkten um Konto. Dat wollte si e Samschdeg änneren, ma géint Freiburg sollt dat schwéier ginn, dobäi hat et gutt ugefaangen an zwar mat engem Gol vum Schindler. Dëse sollt allerdéngs net zielen an am Géigenzuch ass et dunn nach méi batter ginn, well do huet den Czichos een Eegegol markéiert. Nom Säitewiessel huet Köln sech dunn awer fir déi gutt éischt Hallschent belount, well do war et de Modeste, deen ausgläiche konnt. An der 92. Minutt dunn d’Erléisung, well do konnt de Skhiri fir den 2:1 suergen an domat fir déi éischt Victoire an dëser Saison fir Köln.
VfL Wolfsburg - SC Paderborn 1:1
Wolfsburg ass richteg gutt an d’Saison gestart, ma e Samschdeg hate si nawell ferm Problemer géint den Opsteiger Paderborn. Wolfsburg war net aggressiv genuch an den Zweekämpf, ganz am Géigendeel zu de Gäscht vu Paderborn, déi an der Paus verdéngt mat 1:0 a Féierung louchen duerch e Gol vum Souza. An der 56. Minutt konnt Wolfsburg dunn awer zeréckschloen duerch een herrleche Gol vum Brekalo. Bis zum Schluss sollt et bei dësem Resultat bleiwen.
Bayer Leverkusen - TSG Hoffenheim 0:0
Tëscht Leverkusen an Hoffenheim sinn e Samschdeg keng Goler gefall.
Union Berlin - Borussia Dortmund 3:1
Union Berlin konnt e Samschdeg fir déi grouss Iwwerraschung vum 3. Spilldag suergen. Den Opsteiger konnt schonns no 22 Minutten duerch de Bülter a Féierung goen. 3 Minutte méi spéit dunn awer d’Reaktioun vum BVB duerch e Gol vum Paco Alcacer. Union Berlin huet awer weider richteg gekämpft an an der 50. Minutt war et op en Neits de Bülter, dee markéiere konnt. An der 75. Minutt huet den Andersson dunn esouguer nach een drop gesat an déi éischt Victoire an der Bundesliga fir Union Berlin perfekt gemaach.