Schi AlpinVictoirë fir Beat Feuz a Lara Gut-Behrami

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d'Descente bei den Hären e Samschdeg huet missen ofgesot ginn, ass se e Sonndeg awer gefuer ginn, och wann d'Konditiounen net ideal waren.
© AFP

Um Enn gouf et op en Neits eng Victoire vum Schwäizer Beat Feuz. Hien hat eng Avance vu 17 Honnertstel op de Johan Clarey aus Frankräich a vun 38 Honnertstel op den Éisträicher Matthias Mayer.

Bei den Damme konnt sech d’Lara Gut-Behrami am Super-G zu Crans Montana souverän duerchsetzen. D’Schwäizerin hat eng Avance vun 93 Honnertstel op d’Tamara Tippler an 1,02 Sekonnen op d’Italienerin Federica Brignone.

Back to Top
CIM LOGO