Lëtzebuerger am AuslandVictoirë fir V. Thill a Carlson mat hire Veräiner

RTL Lëtzebuerg
Den Eric Veiga muss mat Vilafranquense e Réckschlag verkraaften an den Tim Hall sammelt wichteg Punkte géint den Ofstig.
© RTL / Val Wagner (Archiv)

Den Eric Veiga stoung bei der 1:2-Néierlag vu Vilafranquense géint déi zweet Ekipp vu Porto an der Startformatioun. Et war eng Néierlag géint en direkte Konkurrent am Kampf géint den Opstig. Vilafranquense huet elo fënnef Punkte Réckstand op d’Relegatiounsplaz.

Fir Sankt Pölten gouf et um 17. Spilldag an der éisträichescher zweeter Liga eng 2:0-Victoire. Géint déi zweet Ekipp vu Sturm Graz stoung den Dirk Carlson quasi de ganze Match um Terrain. Hie gouf an der 89. Minutt ausgewiesselt. Domat verteidegt St. Pölten déi éischt Plaz an der Tabell viru Linz.

An der éischter ungarescher Liga huet sech Ujpest mam Tim Hall en 2:2-Remis bei Kecskeméti erkämpft. Et war en iwwerraschende Remis, vu dass d’Lokalekipp ëm d’Champions-League-Plaze spillt an dem Tim Hall säi Veräi géint den Ofstig.

De Vincent Thill feiert mat AIK Stockholm eng 3:0-Victoire géint Östersund. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung bis kuerz virum 2:0 um Terrain.

Samschdeg

An der drëtter Liga an Däitschland gouf et fir Waldhof Mannheim eng iwwerraschend kloer Defaite géint déi zweet Ekipp vu Borussia Dortmund. 4:0 huet et um Enn geheescht, de Laurent Jans stoung de ganze Match iwwer um Terrain.

Köln huet sech an der Bundesliga misse mat 0:2 géint de VfL Wolfsburg geschloe ginn. De Mathias Olesen stoung op Kölner Säit an der Startformatioun an ass an der 73. Minutt ausgewiesselt ginn.

An der zweeter Liga an England gouf et eng knapp Néierlag fir Wigan Athletic mam Danel Sinani géint Preston North End. De lëtzebuergeschen Nationalspiller gouf an der 65. Minutt beim Stand vun 1:2 agewiesselt, hie konnt awer näischt méi um Resultat änneren. Kuerz viru Schluss huet de Sinani eng giel Kaart krut.

Fir Austria Wien mam Marvin Martins gouf et an der éischter Liga an Éisträich eng souverän 3:0-Victoire géint den TSV Hartberg. De lëtzebuergeschen Defenseur huet déi ganz 90 Minutten absolvéiert. Austria Wien spréngt domadder op déi 6. Plaz an der Tabell.

An der zweeter franséischer Liga konnt Bastia sech déi 3 Punkten zu Rodez sécheren. 2:0 steet et um Enn aus Siicht vun der Ekipp vum Florian Bohnert, deen an der Startformatioun stoung an de ganze Match gespillt huet.

An der éischter Liga an der Belsch muss d’Union Saint-Gilloise eng Néierlag bei Westerlo astiechen. Beim 4:2 stoung den Anthony Moris wéi gewinnt am Gol vun de Visiteure, ma och hie konnt d’Defaite net verhënneren. D’Union bleift domat 2. an der Tabell, kann awer e Sonndeg nach vun Antwerpen iwwerholl ginn.

Freideg

An der Premier League a Saudiarabien huet Al Wehda 2:1 géint Abha gewonnen. Schonn an den éischten 20 Minutte vum Match konnt Al Wehda mat de Goler vum Fajr F. (1:0) an dem Islam Hawsawi (2:0) a Féierung goen. De Lëtzebuerger Futtballer Gerson Rodrigues, dee bei Al Wehda spillt, gouf an der 57. Minutt vum Match fir den Al-Ghamdi agewiesselt a krut an der 74. Minutt eng giel Kaart.

Den FC Utrecht huet e Freideg den Owend an der Eredivisie mat 3:0 géint Sparta Rotterdam gewonnen. Déi éischt Hallschent vum Match war am Verglach mat der zweeter éischter roueg. Ma vun der 74. Minutt u konnten d’Spiller vum FC Utrecht sech duerchsetze mam éischte Gol vum Jensen V. An der 88. Minutt koum et mat engem Gol vum Boussaid O. dunn zum 2:0. Den drëtte Gol huet den Descotte A. geschoss. De Lëtzebuerger Mica Pinto, dee fir Sparta Rotterdam spillt, war vun Ufank un dobäi, bis hien an der 83. Minutt géint den Namli Y. ausgewiesselt gouf.

Back to Top
CIM LOGO