
E Sonndeg gouf et eng 0:1-Defaite géint de Racing. D’Ekipp aus der Forge du Sud huet no der Reprise net nëmmen d’Tabellespëtzt missen ofginn, ma huet mëttlerweil och scho 5 Punkte Réckstand op de Leader Hesper.
Den F91 huet dës Saison bis dato dräimol verluer, dräimol doheem an dräimol géint eng aner Spëtzenekipp an zwar Hesper virun der Wanterpaus an Nidderkuer an elo eben de Racing duerno. Den Trainer vun Diddeleng, de Carlos Fangueiro, muss am Moment virun allem mat engem grousse Problem eens ginn.
“Et ass schwéier, e Match mat just 14 Spiller ze preparéieren. Et ass elo och den zweete Match hannerteneen, wou ech mat 3 Juniore muss spillen, déi sécherlech an 3-4 Joer BGL-Ligue-Spiller sinn, am Moment si se awer nach net prett, ech sinn awer zefridde mat hinnen.”
Da kënnt och nach dobäi, datt esou e wichtege Spiller wéi den Dejvid Sinani am Moment feelt, awer och net just hien.
“De Sinani um Niveau vun der leschter Pass ass e Monster, fir Léisungen am Interval ze fannen, ass en och e Monster, et ass e Spiller, deen en enorme Schoss huet. De Vova ass gespaart. 4 Spiller sinn am Wanter fortgaangen, mir hunn awer just 1 bäikritt.”
Vir mécht ee seng Chancen net eran an da weess ee jo wéi et am Futtball geet, dat war och e Sonndeg géint de Racing de Fall.
“Mir hunn e korrekte Match gemaach, just e puer Feeler hannen an ee Feeler, dee schwéier ze akzeptéieren ass, deen zum Gol gefouert huet.”
E Sonndeg hunn déi Diddelenger d’Méiglechkeet, nees an d’Erfollegsspuer zeréckzekommen, d’Una Stroossen mat hirem Trainer Arno Bonvini ass awer sécher e Géigner, deen net agreabel ze spillen ass.