Europa LeagueWeider Victoire fir Freiburg, Union Saint-Gilloise wënnt duerch zwee spéit Goler

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend stoung den drëtte Spilldag vun der Gruppephas an der Europa League um Programm.
© AFP (Archiv)

Manchester United huet sech en Donneschdeg den Owend knapps mat 3:2 an Zypern géint Omonia duerchgesat. De Rashford an de Martial hunn d’Goler fir d’Red Devils geschoss.

Union Berlin wënnt duerch e Gol vum Becker mat 1:0 géint Malmö. Fir d’Ekipp aus der däitscher Haaptstad war et déi éischt Victoire an der Europa League.

Mat Freiburg wënnt um Donneschdeg eng weider däitsch Ekipp. D’Formatioun vum Trainer Christian Streich klappt Nantes mat 2:0 an huet domat de Maximum vun 9 Punkten um Konto.

D’Union Saint-Gilloise mam Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris huet sech zu Braga a Portugal mat 2:1 duerchgesat. Den Nilsson huet an der 86. an an der 94. Minutt fir d’Ekipp aus der Belsch markéiert a seng Ekipp esou op d’Tabelleplaz 1 geschoss.

Betis Sevilla wënnt duerch e spéide Gol vum Luiz Henrique mat 2:1 géint d’Roma a feiert domat déi 3. Victoire am 3. Match. Roum huet no 3 Matcher nëmmen 3 Punkten um Konto.

Déi komplett Resultater

All d’Tabellen

Back to Top
CIM LOGO