Doping-VirfallWeltmeeschterin am Goe gëtt fir 4 Joer gespaart

RTL Lëtzebuerg
Déi mexikanesch Athletin Maria Guadalupe Gonzalez gouf no enger Kontroll positiv op een Anabolika-Typ getest.
© AFP/Archives/Daniel LEAL-OLIVAS

Dëst huet den Integritéit-Comité vun der Liichtathletik e Freideg matgedeelt. Déi 30 Joer al Athletin ass de 17. Oktober 2018 getest ginn, wou d'Iwwerpréiwung positiv ausgaangen ass. D'Maria hat sou Trenbolon, eng Zort Anabolika, konsuméiert.

D'Sportlerin huet sech domat excuséiert, dass si huet missten hire Fleeschkonsum steigeren, an dass dëst Fleesch kontaminéiert gewiescht wier. Den Tester no waren d'Resultater vill ze héich, fir vu kontaminéiertem Fleesch kënnen ze sinn.

Bis op Weideres ass si bis November 2022 gespaart ginn, kann awer hir Medailen an Titelen, déi si bis ewell krut huet, halen. D'Sportlerin ka nach viru Gericht géint dat Uerteel virgoen.

D'Maria Guadalupe Gonzalez krut schonn zwou Olympia-Medaile fir déi zweete Plaz an der Disziplin Goen, déi éischt Kéier zu Rio an duerno zu London.

Back to Top
CIM LOGO