
De fréiere Star vu Liverpool, Real Madrid a Bayern München, de Xabi Alonso, soll d’nächst Saison d’Ekipp vu Gladbach dirigéieren. De Weltmeeschter vun 2010 an Europameeschter vun 2008 an 2012 ass aktuell nach Trainer bei Real Sociedad, wou hien op der Bänk vun der zweeter Ekipp sëtzt.
Als Spiller war den 39 Joer ale Spuenier net just mat der Nationalekipp erfollegräich, mat Liverpool a Real Madrid konnt hien zwee Mol d’Champions League gewannen. An a senger Zäit bei Bayern München, wou hien och Däitsch geléiert huet, konnt hien d’Bundesliga als aktive Spiller kenneléieren.
Offiziell confirméiert gouf d’Meldung vun der Bild bis ewell nach net.