Tour duerch Polen: 1. EtappAckermann wënnt, Bob Jungels am Peloton

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg ass et op der 1. Etapp am Tour duerch Polen iwwer 132 Kilometer vu Krakau op Krakau gaangen.
© AFP

Déi 1. Etapp am Tour duerch Polen ass e Samschdeg mat engem Massesprint op en Enn gaangen. Den däitsche Pascal Ackermann hat zu Krakau déi séierste Been an huet sech ganz knapp virum Italiener Fernando Gaviria duerchgesat. Déi drëtte Plaz war fir den Hollänner Fabio Jacobsen.

De Bob Jungels huet sech op de leschte Kilometer vir gewisen an huet de Sprint fir säi Co-Equipier Jacobsen ugezunn. De Lëtzebuerger ass um Enn als 61. zäitgläich mam Gewënner iwwert d’Arrivée gefuer.

D’Resultat vun der Etapp

1 ACKERMANN Pascal (BOH) 02h 57' 58'’
2 GAVIRIA RENDON Fernando (UAD) + 00' 00'’
3 JAKOBSEN Fabio (DQT) + 00' 00'’
4 WALSCHEID Maximilian (SUN) + 00' 00'’
5 VAN POPPEL Danny (TJV) + 00' 00'’
6 MARECZKO Jakub (CCC) + 00' 00'’
7 MODOLO Sacha (EF1) + 00' 00'’
8 FRANCZAK Paweł (POL) + 00' 00'’
9 DEGENKOLB John (TFS) + 00' 00'’
10 MEZGEC Luka (MTS) + 00' 00'’

Back to Top
CIM LOGO