
Am Cyclissem ass e Samschdeg zu Barcelona den Optakt vum Tour de France. Den Alex Kirsch gouf vu Cofidis selektionéiert. Et ass seng drëtte Participatioun bei der bekanntster Vëloscourse vun der Welt.
Den Ament gesäit et esou, aus wéi wann hien deen eenzege Lëtzebuerger wier, deen dëst d'Joer d'Grande Boucle géif fueren. D‘Selektioun vun Groupama FDJ ass nach net offiziell, de Kevin Geniets hat sech am Virfeld awer esou geäussert, wéi wann hien den Ament d‘Form net hätt, fir matzefueren. Den Arthur Kluckers an den Luc Wirtgen goufe vun Tudor net selektionéiert.
Déi gréisste Vëloscourse vun der Welt kënnt Dir vun e Samschdeg un och nees wéi gewinnt op RTL Télé Lëtzebuerg live suivéieren.