Northcape-Tarifa Bicycle AdventureRalph Diseviscourt huet d'Vitesse de croisière fonnt

Rich Simon
Zanter dem 19. Juni ass de Ralph Diseviscourt ënnerwee, fir vum Nordkap an Norwegen op Tarifa a Spuenien ze fueren.

Zanter enger Woch ass de Ralph Diseviscourt bei der Northcape-Tarifa Bicycle Adventure (NCTA) am Asaz. Mat ronn 7.400 Kilometer ass et déi längsten "unsupported" Course, déi op der Welt gefuer gëtt. Nom Depart um Nordkap an Norwegen huet et direkt ugefaange mat reenen. Dat war sécherlech net optimal. Déi flott Landschaften an d'Rendéieren, déi ënnerwee op den Dizzy gewaart hunn, hu fir dat schlecht Wieder awer entschiedegt.

Richtung Fär zu Helsinki

Relativ séier ass et vun Norwegen eriwwer a Finnland gaangen. Hei war de Parcours manner hiwweleg an et ass dacks duerch Dännebëscher gefuer ginn. Op den éischte Kilometer hat de Ralph vill mat Géigewand ze kämpfen. Dobäi koum, datt et souwuel an Norwegen wéi och a Finnland net einfach war, fir sech ze ravitailléieren. An der "Pampa" gouf et net vill Geleeënheeten, fir eppes ze kafen. Et war och net evident, fir all Dag een Hotelszëmmer ze fannen. A Richtung Helsinki ass de Parcours nees méi wallonéiert ginn.

Duerch d'baltesch Staaten

No der Arrivée zu Helsinki ass et mat enger Fär an zwou Stonnen eriwwer op Tallinn gaangen. Wärend der Faart konnt den Dizzy sech um Buffet regaléieren. An Estland waren d'Temperature ganz agreabel, dofir goufen et awer komplizéiert Gravel-Passagen, déi op de Ralph gewaart hunn. No Estland stoung Lettland um Programm. Mat engem Passage zu Riga, der Haaptstad vum baltesche Staat. An Estland ass et dem Dizzy haaptsächlech drëm gaangen, fir Energie ze spueren en vue vun deem wat nach wäert kommen.

Hill of 1.00 Crosses

Vun Estland ass et a Litauen gaangen. No 2.350 Kilometer ass de Ralph beim "Hill of 1.000 Crosses" ukomm. Et war een emotionale Moment fir hien. Fir d'Litauer ass dës Plaz ee Pilgeruert. Wärend der russescher Besatzung hunn d'Litauer op dëser Plaz am Stëlle protestéiert a Kräizer opgestallt. Haut brénge Pilger aus der ganzer Welt Kräizer mat. Et gëtt geschat, datt et der iwwer 100.000 sinn.

Hill of 1.000 Crosses
© Team Dizzy

Dat Sportlecht

Aktuell (Stand 26.6.2026) huet den Dizzy ronn 2.500 Kilometer erof. Dat ass 1/3 vun der Distanz. Pro Dag fiert hien an der Moyenne eng 400 Kilometer. Dat ass déi Moyenne, déi hie sech virun der Course virgeholl hat. No enger Woch läit hien op der zweeter Platz am General. Et féiert de Fransous Florian, dee mat engem Triathlon-Vëlo ënnerwee ass. Den Dizzy huet ee Retard vu ronn 270 Kilometer op de Florian. Drëtten ass den Däitsche Jens Volkensdorfer. Hie läit knapp 8 Kilometer hannert dem Dizzy.
No Litauen geet et duerch Polen an d'Temperature sinn amgaangen an d'Luucht ze goen. 

D'Arrivée vun der Course dierft an zwou Wochen zu Tarifa a Spuenien sinn.

Hei kënnt Dir suivéiere wou de Ralph Diseviscourt drun ass.


Liest hei déi weider Artikelen

Back to Top
CIM LOGO