
Vun en Donneschdeg 15 Auer u ginn zu Mamer déi néi Championen am Zäitfuere gesicht. An deene verschiddene Kategorië sinn entweder een Tour vum 10,5 Kilometer laange Circuit ze fueren, oder zwee Tier an den Elite- an Espoirs-Kategorien.
De Circuit geet vu Mamer duerch de Mamerbësch iwwer Holzem an nees zréck op Mamer.
Bei der Elitt vun de Fraen trëfft d'Marie Schreiber op d'Nina Berton. D'lescht Joer hat d'Schreiber mat enger Avance vun e bësse méi wéi enger Minutt op d'Berton gewonnen.
Des Saison ass d'Lëtzebuerger Championne awer nach net vill Coursse gefuer. D'Nina Berton hat hirersäits eng gutt Klassikersaison a war mam Giro d'Italie, deen Enn Mee op den Enn gaange war, hir lescht Course gefuer.
Den Depart vu Berton a Schreiber ass um 17:51 an um 17:52 Auer.
Och bei de Männer ass et schwéier ze soen, wien en Donneschdeg den Owend ganz uewen um Podium steet. De Bob Jungels hat d'lescht Joer zu Mäerzeg ganz knapp, mat 3 Sekonnen Avance virum Alex Kirsch gewonnen. Den Arthur Kluckers hat sech mat engem Retard vu 17 Sekonnen déi 3. Plaz geséchert.
Dës Coureure muss een och dëst Joer op der Rechnung hunn. Och de Mathieu Kockelmann dierf sech Hoffnungen op eng Topp-Plaz maachen.
Et dierf ee gespaant sinn, wéi déi verschidde Favoritte mat deenen extreme Wiederkonditiounen eens wäerte ginn. Als leschte gëtt de Bob Jungels op der Parcours geschéckt, hie fiert um 18:58 Auer vun der Startramp.
Hei fannt Dir den Detail vun de Startzäite fir den Owend, an hei all néideg Informatioune ronderëm d'Courssen zu Mamer.