Op der zweeter Etapp vum Critérium Européen des Jeunes (international Course fir Debutanten) huet sech e Sonndeg zu Housen den Hollänner David van Aalst d'Victoire geséchert. Hien huet sech am Sprint géint de Schwäizer Thibaut Beckers behaapt. Als Drëtten ass de Belsch Eliot Siegers ukomm. Hien hat e Réckstand vun 32 Sekonnen op de Gewënner.
Beschte Lëtzebuerger war e Sonndeg de Lorenzo Astolfi. Hien ass mam Peloton ukomm an hat als 23. e Retard vun 51 Sekonnen.
No den zwou Etappen huet den Hollänner David van Aalst de General vum Critérium Européeen des Jeunes gewonnen. Op Plaz 2 kënnt de Schwäizer Thibaut Beckers an de Belsch Stan Jammaer huet de Podium komplettéiert.