4-Länner-ChampionnatLiv Wenzel ass nei Lëtzebuerger Championne bei den Espoiren

RTL Lëtzebuerg
Zu Wäiswampech gouf d'Championnat vun den U23-Dammen aus der Schwäiz, Éisträich, Däitschland a Lëtzebuerg gefuer.
De Lëtzebuerger Podium mam Layla Barthels (lénks), Liv Wenzel (Mëtt) a Gwen Nothum (riets).
© Max Bäcker

E Samschdeg stoungen d'Stroossen zu a ronderëm Wäiswampech am Zeeche vum 4-Länner-Championnat am Vëlo. Op enger Distanz vu 95,4 Kilometer war d'Schwäizerin Lorena Leu déi Séierst vun alle Cyclistinnen. Hir Landsfra Zoe Schiess koum als Zweet un. D'Liv Wenzel gouf ganz knapp hannendrun déi Drëtt a war déi bescht Lëtzebuergerin. Si huet sech domat den Titel vum Lëtzebuerger Champion geséchert. Et ass hiren zweeten Titel bei den U23-Dammen no 2024.

D'Layla Barthels an d'Gwen Nothum koumen hannert der Liv Wenzel un a klasséiere sech domat am Lëtzebuerger Klassement op de Plazen 2 an 3.

Duerch hir Victoire huet sech d'Lorena Leu den nationale Schwäizer Titel geséchert, d'Laura Kronburger gouf mat hirer véierter Plaz an der Course däitsch Championne. D'Tabea Huys war op Plaz 13 déi bescht Éisträicherin an duerft sech uschléissend de Meeschtertrikot iwwerstrëppen.

Déi national Championnen aus der Schwäiz, Lëtzbuerg, der Belsch an Däitschland.
© Max Bäcker

Hei kënnt Dir d'Course nach eng Kéier am Replay kucken. E Sonndeg fannt Dir op dëser Plaz en detailléierte Reportage iwwer d'Course. D'Championnat vun der männlecher U23 gëtt e Sonndeg an der Gemeng Parc Housen gefuer a gëtt och op RTL.lu gewisen.

D'Liv Wenzel séchert sech de Lëtzebuerger Championstitel bei den Espoiren
Kuckt d'U23-Dammecourse vum 4-Länner-Championnat elo am Replay.

Back to Top
CIM LOGO