
Op der éischter Etapp vum Critérium Européen des Jeunes, eng international Course fir U17-Coureuren, ass et iwwer 63,6 Kilometer ronderëm Wäiswampech gaangen. Um Enn ass d'Decisioun tëscht dräi Coureuren am Sprint gefall. Hei konnt sech de Belsch Lars Peers duerchsetzen, dat viru sengem Landsmann Stan Jammaer an dem Däitschen Daan Ensenbach.
Bescht Lëtzebuerger war den Noé Garcia Pinnel vun Dippech. Hien ass mam Peloton als 27. op 38 Sekonnen ukomm. Am Peloton vertruede waren och nach d'Lëtzebuerger Bjarne Bauer (Team Lëtzebuerg) als 49. an de Lorenzo Astolfi (Team Lëtzebuerg) als 52..
Déi zweet Etapp gëtt e Sonndeg iwwer 63,2 Kilometer ronderëm Housen gefuer. D'Course kënnt Dir nees am Livestream op RTL.lu kucken.