
Nodeems si jorelaang a ville Lidder iwwer Léift a Romantik gesongen huet, ass d'Taylor Swift elo selwer bestuet. Wéi hir Spriecherin Tree Paine matgedeelt huet, hu sech den US-Popstar Taylor Swift an de Footballspiller Travis Kelce an der Nuecht op e Samschdeg d'Jo-Wuert ginn. Gefeiert gouf mat enger grousser Party am legendäre Madison Square Garden zu New York.
Op den Ecranen an der bekannter Concerts- a Sportshal stoung e Freideg den Owend de Slogan "JUST&T MARRIED!". Wéinst der grousser Zuel u prominente Gäscht war et am Zentrum vu New York zäitweis zu zolitte Verkéiersbehënnerunge komm.
Onkloer bleift bis ewell, ob dat offiziellt Bestietnes tatsächlech eréischt e Freideg am Madison Square Garden stattfonnt huet. D'New York Post hat virdru gemellt, d'Koppel hätt sech schonn am klengste Krees bestuet.

Der Spriecherin no gouf d'Zeremonie vum Schauspiller Adam Sandler geleet. D'Bridder vun der Braut- an dem Bräitchemann hunn als Zeien agéiert. Wéini genee d'Zeremonie stattfonnt huet, gouf awer net präziséiert.
D'Braut an de Bräitchemann waren a Kreatioune vum Christian Dior gekleet. D'Schong goufen extra vum Christian Louboutin ugefäerdegt, wärend d'Swift Bijoue vu Cartier un hat. Fotoen oder Videoe vun der Hochzäit goufe bis ewell net verëffentlecht.
Iwwer Stonne ware schwaarz SUVen ënnerwee, fir d'Gäscht op d'Feier am Madison Square Garden ze bréngen. Gesi goufen ënner anerem d'Schauspiller Hugh Grant, Ethan Hawke, Bradley Cooper an Dakota Johnson, d'Popstare Benson Boone a Camila Cabello souwéi d'Modellen Gigi Hadid a Karlie Kloss.
US-Medien no sollen och musikalesch Optrëtter vu Stevie Nicks, Tim McGraw an Ed Sheeran um Programm gestanen hunn.
Insgesamt sollen ongeféier 1.000 Gäscht dobäi gewiescht sinn, dorënner och Spiller vum Travis Kelce sengem Team, de Kansas City Chiefs. Berichter no haten d'Gäscht en Dokument ënnerschriwwen, datt si näischt iwwer d'Hochzäit dierfe soen, a si hu missen op hir Handye verzichten.
D'Magazin Forbes schätzt d'Käschte vun de Festivitéiten op méi wéi 20 Milliounen Dollar.
Virum Madison Square Garden hu sech vill Fans versammelt, an der Hoffnung, ee Bléck op hiert Idol ze erhaschen. Déi 31 Joer al Mayan Menahem sot, si wier zanter 15 Joer grousse Fan vun der Sängerin a wier mat hirer Musek opgewuess. Zesumme mat anere "Swifties" huet si Lidder vun der Kënschtlerin ugestëmmt.
Vill Fans hunn och Plazen zu New York besicht, déi d'Sängerin an hire Lidder erwäänt huet. Fir vill vun hinne war d'Hochzäit e Spektakel, dee mat enger kinneklecher Hochzäit verglach gouf.
D'Event huet awer net nëmme positiv Reaktiounen ausgeléist. E puer Awunner vun New York hu kritiséiert, datt d'Police an enger Stad, déi sech schonn op d'Futtball-Weltmeeschterschaft an d'250-Joer-Feier vun den USA virbereet, sech och nach ëm eng Promi-Hochzäit këmmere misst.
D'Taylor Swift gëllt als déi erfollegräichst Musekerin vun der Géigewaart a soll iwwer e Verméige vun ongeféier zwou Milliarden Dollar verfügen. Hire Mann Travis Kelce ass dräifache Super-Bowl-Gewënner a soll ee Verméige vu bis zu 90 Milliounen Dollar hunn.
Am Kader vun hirer Hochzäit soll d'Koppel 26 Milliounen Dollar u karitativ Zwecker gespent hunn.