E Samschdeg huet sech op der 14. Etapp vum Tour de France den Tadej Pogacar d'Dagesvictoire en solitaire geholl a baut domat säi Virsprong am General weider aus. Nom Depart zu Mulhouse, wou och de Premier Luc Frieden mat dobäi war, war et iwwer ustrengend 155.3 Kilometer mat dräi Montéeë vun der Kategorie 1 bis op Le Markstein gaangen. Do konnt sech um Enn den Tadej Pogaca am leschte Col du Haag aus dem Spëtzegrupp eraus ofsetzen an d'Etappevictoire mat engem Ecart vun 38 Sekonne feieren.
Den Alex Kirsch ass mat engem Retard vu 37:51 Minutten op déi 150. Plaz gefuer. Am General bleift de Lëtzebuerger op der 118. Plaz.
De Peloton war fir den Ufank vun der Etapp fir d'éischt mol beienee bliwwen an doraus war et de Jasper Philipsen, dee sech no enger kuerzer Acceleratioun déi éischt Sprintwäertung vum Dag séchere konnt. Schonn no knapp 20 Kilometer gouf et wéinst der héijer Vitess an dem schwéiere Parcours schonn déi éischt Coureuren, déi vum Peleton hu misse lassloossen.
Eng Attack gouf et da vum Ben Healy, deem sech an engem éischte Coup 29 weider Coureuren ugeschloss hunn. Knapp 10 Kilometer no där éischter Attack hunn et dann eng weider Kéier néng Stéck dovun un der Spëtzt ofgesat, dorënner ee Richard Carapaz, Thymen Arensman, Valentin Paret-Peintre, Antonio Tiberi an och e Marc Hirschi. D'Wäertung um Sommet vum Grand Ballon ass duerno dann och un de Fransous Paret-Peintre gaangen.
Mat der Zäit gouf et dann eng Rei Changementer an de viischte Gruppen, wou sech mat der Zäit da mam Ben Healy, Tobias Johannessen, Anders Johannessen, Valentin Paret-Peintre, Richard Carapaz a kuerz drop och nach mam Rubio Einer sechs Coureuren un der Spëtzt rauskristalliséiert hunn. Den eenzege Fransous an deem Spëtzegrupp konnt dann och d'Wäertung uewen um Col du Page huelen.
D'Descente duerno war da relativ schwiereg an och geféierlech, well et op där Plaz Schauere gouf an d'Stroossen deemno och glat waren. Fir déi zweetlescht Montée vum Dag ass et dann, wéi och schonn e Freideg op der 13. Etapp, nach eemol de Ballon d'Alsace eropgaangen, wou op en Neits de Paret-Peintre déi meescht Punkte fir d'Biergwäertung sammele konnt.
Ouni den Anders Halland Johannessen an ouni de Ben Healy ass et fir de Spëtzegrupp dann an déi lescht Montée vum Dag erop op de Col du Haag gaangen, wärend de Peloton mam Tadej Pogacar ëmmer weider opschléisse konnt. Bei duerchschnëttlech 7,2 Prozent Steigung iwwer 11.2 Kilometer goufen d'Coureuren nach eemol sou richteg gefuerdert a just déi mat genuch Kraaft an de Been konnten hei nach mathalen.
Aus der Echappée sollten et just de Richard Carapaz an den Tobias Johannessen packen, virzebleiwen, dat awer net eleng. Vun hannen hu sech nämlech den Tadej Pogacar, Jonas Vingegaard, Isaac del Toro, Florian Lipowitz, Juan Ayuso a Paul Seixas fir déi lescht puer Kilometer ugeschloss. Aus deem Grupp war et da kee geréngere wéi de Maillot Jaune, dee seng Konkurrenz mat enger Attack gutt siwe Kilometer viru Schluss hannert sech gelooss huet.
De Slowen ass duerch säin Effort um Enn eleng op der Arrivée ukomm a konnt sech d'Etappevictoire zu Le Markstein sécheren. Dobäi hat hien ee komfortabelen Ecart vun 38 Sekonnen op den Isaac del Toro an de Paul Seixas.