Festival Elsy JacobsD'Marta Lach wënnt déi 1. Course, 31. Plaz fir d'Nina Berton

Max Bäcker
104 Coureusen haten de Mëtteg bei guddem Wieder den Depart vun dëser 18. Editioun geholl.
Festival Elsy Jacobs

112 Kilometer stoungen op engem vallonéierte Parcours ronderëm Garnech um Programm. Ma de Wand huet haut eng grouss Roll gespillt, an esou huet sech och keng fréi Echappée erausgetraut.

Als grouss Favorittin war déi polnesch Fuererin Marta Lach an d'Course gaangen. Si konnt sech an deene leschte 4 Joer schonn 3 Mol an de Palmarès vum Festival androen, an dat och zejoert zu Garnech. Aus Lëtzebuerger Siicht war et d'Nina Berton, dat een ëmmer nees un der Spëtzt vum Peloton gesinn huet.

Eng ronn 30 Kilometer virun der Arrivée koumen dunn déi éischt Attacken, an e Grupp vun 3 Fuererinne konnt sech ofsetzen. De Virsprong sollt awer ni iwwer 20 Sekonnen uwuessen, soudass eng 15 Kilometer méi spéit nees alles zesumme war.

Den decisive Coup koum am leschten Tuer aus Garnech eraus. E Grupp vun 10 Konkurrentinnen konnt sech hei ofsetzen, an dee Grupp sollt et dann och mat enger klenger Avance bis op d'Arrivée zu Garnech packen. An do war et ewéi schonn d'lescht Joer d'Marta Lach, dat sech am Foto-Finish virun hirer Teamkolleegin Femke Gerritse duerchsetze konnt. D'Nina Berton placéiert sech um Enn am Peloton als 31. op 14 Sekonnen.

E Sonndeg geet et dann zu Zéisseng weider, wou d'Kaarten nees nei gemëscht ginn.

D'Top 10 vun der Course

1 Lach Marta Team SD Worx - Protime 2:52:48
2 Gerritse Femke Team SD Worx - Protime ,,
3 Jansen Eline VolkerWessels Cycling Team ,,
4 Pluimers Ilse AG Insurance Soudal Devo Team ,,
5 Boothman Erin Liv AlUla Jayco Women's Continental Team ,,
6 Quagliotto Nadia Cofidis Women Team ,,
7 Knaven Fee UAE Development Team ,,
8 Sarkisov Katherine United States ,,
9 Reijnhout Rosita Team Visma | Lease a Bike ,,
10 Reghini Chiara Top Girls Fassa Bortolo ,,
...
31 Berton Nina MIX Luxembourg-Iceland 0:14

Back to Top
CIM LOGO