Giro d'Italia: 15. EtappFredrik Dversnes Lavik léisst dräi Italieener am Sprint hannert sech a wënnt zu Mailand

Jeff Birsens
Déi 15. Etapp ass op der Arrivée zu Mailand mat engem Sprint aus dem Spëtzegrupp eraus decidéiert ginn. Den Norweger hat um Enn d'Nues vir.
TOPSHOT - Uno X Mobility Norwegian rider Fredrik Dversnes celebrates as he crosses the finish line to win the 15th stage of the Giro d'Italia 2026 - Tour of Italy cycling race between Voghera and Milan, Italy, on May 24, 2026.
© AFP

E Sonndeg gouf beim Giro d'Italia déi 15. Etapp vu Voghera bis op Mailand gefuer. No 157 Kilometer war et op der Arrivée zu engem Sprint vun de véier Coureuren am Spëtzegrupp komm, dee sech fir de gréissten Deel vun der Course virum Peloton gehalen hat. Um Enn war et den Norweger Fredrik Dversnes Lavik, deen d'Dagesvictoire virun den dräi Italieener Mirco Maestri, Martin Marcellusi a Mattia Bais huele konnt. De Peloton ass mat 57 Sekonne Retard hannendrun ukomm.

Am General bleift de Jonas Vingegaard no sengem Exploit vum Samschdeg weider mat engem komfortabele Virsprong vun 2:26 Minutten op den Afonso Eulalio Leader. Och déi drëtt Plaz mam Felix Fall mat engem Ecart vun 2:50 Minutte bleift onverännert.

Top10 vun der 15. Etapp

1 Dversnes Lavik Fredrik 3:03:18
2 Maestri Mirco Team Polti VisitMalta ,,
3 Marcellusi Martin Bardiani CSF 7 Saber ,,
4 Bais Mattia Team Polti VisitMalta ,,
5 Magnier Paul Soudal Quick-Step 0:57
6 Groenewegen Dylan Unibet Rose Rockets ,,
7 Andresen Tobias Lund Decathlon CMA CGM Team ,,
8 Vernin Ethan NSN Cycling Team ,,
9 Penhoët Paul Groupama - FDJ United ,,
10 Mozzato Luca Tudor Pro Cycling Team ,,

Generalklassement

1 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 56:08:41
2 Eulálio Afonso Bahrain - Victorious 2:26
3 Gall Felix Decathlon CMA CGM Team 2:50
4 Arensman Thymen Netcompany INEOS 3:03
5 Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe 3:43
6 Pellizzari Giulio Red Bull - BORA - hansgrohe 4:22
7 Storer Michael Tudor Pro Cycling Team 4:46
8 O'Connor Ben Team Jayco AlUla 5:22
9 Gee-West Derek Lidl - Trek 5:41
10 Piganzoli Davide Team Visma | Lease a Bike 6:13

Artikel vum 23. Mee 2026

Back to Top
CIM LOGO