
Den Igor Arrieta huet déi 5. Etapp vum Giro d'Italia gewonnen. A Féierung geleeën, war de Spuenier ronn 13 Kilometer viru Schluss gefall. De Portugis Afonso Eulalio, deen de Spuenier schonn distanzéiert hat, konnt erëm opschléissen. Ronn 2 Kilometer viru Schluss war den UAE-Profi dunn och nach falsch ofgebéit, éier et op de leschte Meteren awer nach zu engem decisive Sprint sollt kommen, deen den Arrieta fir sech decidéiere konnt.
Déi 203 Kilometer vu Praia a Mare op Potenza ware begleet vu villem Reen an deels ganz déiwen Temperaturen. Et hat laang gedauert, bis sech eng Echappée vum Peloton konnt léisen. Op de leschte 50 Kilometer hunn den Arrieta an den Eulalio d'Dagesvictoire ënnert sech ausgemaach. Den Haaptpeloton ass mat 7:13 Minutte Retard ukomm. De Portugis vum Team Bahrain Victorious ass neie Leader am Klassement an dierf sech de Rosa Trikot undoen. Am General huet hien 2:51 Minutten Avance op den Arrieta.
1 Igor Arrieta Lizarraga UAE Team Emirates - XRG 5:07:51h
2 Afonso Eulalio Bahrain Victorious +2s
3 Guillermo Thomas Silva Coussan XDS Astana Team +51s
4 Lorenzo Milesi Movistar Team +1:29
5 Christian Scaroni XDS Astana Team +1:30
6 Gianmarco Garofoli Soudal Quick-Step +1:30
7 Koen Bouwman Team Jayco AlUla +3:11
8 Johannes Kulset Uno-X Mobility +3:13
9 Andrea Raccagni Noviero Soudal Quick-Step +3:29
10 Ludovico Crescioli Team Polti VisitMalta +4:42
1 Afonso Eulalio Bahrain 21:27:43h
2 Igor Arrieta Lizarraga Igor UAE Team Emirates - XRG +2:51
3 Christian Scaroni XDS Astana Team +3:34
4 Andrea Raccagni Noviero Soudal Quick-Step +3:39
5 Johannes Kulset Uno-X Mobility +5:17
6 Giulio Ciccone Lidl - Trek +6:12
7 Jan Christen UAE Team Emirates - XRG +6:16
8 Florian Stork Tudor Pro Cycling Team +6:16
9 Egan Bernal Netcompany INEOS Cycling Team +6:16
10 Thymen Arensman Netcompany INEOS Cycling Team +6:18
En Donneschdeg wäert déi 6. Etapp iwwer 141 flaach Kilometer vu Paestum op Neapel féieren.