Optakt vun der Flèche du SudMatthew Brennan gewënnt éischt Etapp, Mil Morang gëtt Fënneften

Max Bäcker
Op engem Parcours ronderëm Stadbriedemes
Optakt vun der 75. Flèche du Sud
Op engem Parcours ronderëm Stadbriedemes goung et iwwer 94,5 Kilometer. De Matthew Brennan gewënnt am Sprint.

Ob der éischter Etapp vun der Flèche du Sud stounge fir d'Coureure 94,2 Kilometer um Programm. Op deem schwéiere Parcours konnte sech ëmmer nees kleng Gruppen ofsetzen.

Visma Lease a Bike huet d'Course awer kontrolléiert, sou dass sech kee Grupp richteg ofsetze konnt. Mat dem Matthew Brennan war déi hollännesch Formatioun mat dem Favorit op d'Etappevictoire un den Depart gaangen, an där Roll sollt de Britt dann och gerecht ginn.

Am Sprint konnt hie sech virum Hollänner Roy Hoogendoorn an dem Norweger Tobias Nakken duerchsetzen. Beschte Lëtzebuerger gouf de Mil Morang als Fënneften. En Donneschdeg geet et dann zu Rëmeleng mat der zweeter Etapp weider.

Resultat:

1. Matthew Brennan 02:14:09
2. Roy Hoogendoorn ''
3. Tobias Nakken ''

5. Mil Morang ''
17. Yannis Lang ''
29. Mats Wenzel ''
30. Noé Ury ''
48. Flavio Astolfi ''
63. Loïc Bettendorf ''
69. Alexandre Kess ''
79. Lennox Papi ''
88. Arno Wallenborn ''
94. Alex Kerrens 2:09
98. Charel Meyers 2:32
102. Pol Breser 5:34

Back to Top
CIM LOGO