4-Länner-ChampionnatFlavio Astolfi ass neie Lëtzebuerger Champion bei den Espoiren

RTL Lëtzebuerg
Zu Housen gouf e Sonndeg d'Championnat vun den U23-Hären aus der Schwäiz, Éisträich, Däitschland a Lëtzebuerg gefuer.

E Sonndeg stoungen d'Stroosse ronderëm Housen am Zeeche vum 4-Länner-Championnat am Vëlo. Gesicht goufen déi nei Espoir-Championen aus der Schwäiz, Éisträich, Däitschland a Lëtzebuerg. Iwwer déi 132,5 Kilometer war den Däitsche Paul Fietzke dee Séiersten. Hien huet sech en solitaire viru senge Landsmänner Moritz Mauss a Louis Leidert duerchgesat. De Fietzke gëtt domadder däitsche Champion bei de Espoiren.

Beschte Lëtzebuerger war de Flavio Astolfi als 17. op fënnef Minutten an eng Sekonn. De Coureur vun Dippech huet sech domadder den Titel vum Lëtzebuerger Champion bei den Espoire geséchert. De Lëtzebuerger Podium gouf komplettéiert vum Lennox Papi an dem Mats Berns.

Fir Éisträich ass den Titel un den Anatol Friedl gaangen. A fir d'Schwäiz huet sech den Nicolas Ginter duerchgesat.

Resultat 4-Länner-Championnat
Déi véier Championen um Podium
Déi véier Championen um Podium
© Serge Waldbillig/Photo: Serge Waldbillig / TDL Organisation

Back to Top
CIM LOGO