
D'Police huet en Donneschdeg am Nomëtteg eng Vermësstemeldung erausginn. Vermësst gëtt dat 15 Joer aalt Léa Sand. Déi jonk Fra ass tëscht 170 an 180 cm grouss, vu mockeleger Statur, huet Hoer, déi bis un d'Schëllere reechen a brong Aen. Fir d'lescht hat d'Léa Sand e rosaen T-Shirt, wäiss Turnschong (Mark Nike) an e Brëll un.
All Informatioune si fir d'Police vun Dikrech/Veianen per Telefon ënnert der Nummer (+352) 244 80 1000 oder per E-Mail u police.troisvierges@police.etat.lu..