Championnat am CyclissemRick Meylender neie Cadet-Champion, Steve Fries Éischte bei de Masters

Tim Hensgen
Zwee Deeg no den Entscheedungen am nationale Championnat am Cyclissem beim Zäitfuere war e Samschdeg den Optakt vun der Course en Ligne.
Championnat am Cyclissem
E Bléck op d’Jugend beim nationale Championnat am Cyclissem.

E Samschdeg de Mëtteg war zu Mamer d’Suite vum Championnat am Cyclissem. Déi national Meeschterschafte an der Course en Ligne bei de Cadeten, Minimmen, Debutanten a Masters stoungen um Programm.

RTL NEWS: Christine Majerus a Bob Jungels séchere sech de Championstitel am Zäitfueren

Den Iwwerbléck vum Samschdeg

Cadeten

Den Titel bei de Cadeten op den nationale Meeschterschaften am Cyclissem goung un de Rick Meylender. Den Zweete gouf den Theo da Costa an op déi drëtte Plaz koum den Yannis Lang.

Bei de Cadette stoung d’Gwen Nothum ganz uewen um Podium. D’Éireplaze ware fir d’Sarah Mousel an d’Lena Lallemang.

PDF: Resultater vun de Cadetten
Back to Top
CIM LOGO