
Dënschdes den 18. Juli 2006 huet de Fränk Schleck Vëlosgeschicht geschriwwen. De Profi huet deen Dag als éischte Lëtzebuerger am Tour de France d'Etapp op d'Alpe d'Huez erop gewonnen. No iwwer 4 Stonnen 52 Minutten an 22 Sekonne fiert de Munnerefer iwwer d'ligne d'arrivée. 11 Sekonnen Avance hat hien op den Italieener Damiano Cunego.
4 Kilometer virun der Arrivée hate sech de Fränk Schleck an den Damiano Cunego ofgesat. "Dat ass e sensationellen Exploit vun eisem Munnerefer", esou de Kommentar vum Marcel Gilles deemools live op RTL
2 Kilometer virun der Arrivée huet de Lëtzebuerger Coureur deemools attackéiert. De Marcel Gilles war am Juli 2006 wärend der Live Iwwerdroung um Fernsee: "Kuckt iech dat doten un. E grousse Moment an dëser Montée vun der Alpe d'Huez. De Fränk Schleck léisst den Damiano Cunego stoen. Dat do schéngt eng gutt Attack ze sinn. Allez Fränk, ech menge ganz Lëtzebuerg ass den Ament hannert dir".
“De Fränk Schleck kuerz virun der Arrivée. Hien gewënnt d'Kinneksetapp am Tour de France. Et ass säin zweete groussen Erfolleg. Voilà, de Fränk ass iwwert d’Arrivée”. Ganz emotional gouf de Marcel Gilles virun 20 Joer beim Succès vum Fränk Schleck op der 15.Etapp vum Tour de France.
D’Alpe d’Huez dat ass eng Montée vu ronn 15 Kilometer an 21 Kéieren. De Sommet leit op 1850 Meter.