
De Schwäizer Mauro Schmid huet e Freideg déi längsten Etapp vum Tour de France 2026 aus der Echappée eraus gewonnen. Eng 16 Kilometer virun der Arrivée hate sech de Mauro Schmid an den Harold Tejada aus dem Spëtzegrupp ofgesat. Um Enn ass et no 205 Kilometer op der Arrivée zu Belfort zum Sprint tëscht béide Coureure komm an do hat de Schmid déi beschte Been an huet sech d'Victoire geséchert. Fir den Tejada war et domadder déi zweete Plaz an Drëtten op zwou Sekonnen ass den Tom Pidcock ginn.
De Peloton mam Maillot Jaune hat e Retard vu siwe Minutten an 32 Sekonnen.
Un der Spëtzt vum General bleift den Tadej Pogacar mat enger Avance vun dräi Minutten a 36 Sekonnen op de Jonas Vingegaard. Drëtten ass weiderhin de Remco Evenepoel. E gudde Sprong no vir gemaach huet de Pidcock. Hie verbessert sech e Freideg vu Plaz 10 op Plaz 4.
Den Alex Kirsch ass um 13. Dag als 169. op 24 Minutten an 52 Sekonnen ukomm. De Lëtzebuerger war an der éischter Echappée vum Dag, ma dës war awer net fort komm. Am General ass hien den 118..
E Freideg ass et iwwer 205 Kilometer vun Dole op Belfort gaangen. Mam Col de la Croix (3. Kategorie) an dem Ballon d'Alsace (1. Kategorie) stoungen op de leschte 50 Kilometer zwee Bierger um Menü. Um Pabeier war et eng Etapp fir eng Echappée an esou ass et um Enn och komm. De Peloton huet e Grupp Coureure fuere gelooss an dorënner war dann och de Gewënner vum Dag. Aus der Echappée vum Dag huet sech e Grupp vun 10 Coureuren an der Descente vum Ballon d'Alsace, iwwregens den éischten offizielle Bierg, dee beim Tour de France gefuer ginn ass (1905), eng 22 Kilometer virun der Arrivée forméiert. Mat dobäi: Pidcock, Jegat, McNulty, Vauquelin, Braz Afonso, Van Gils, Wellens, Plapp, Schmid an Tejada. Kuerz drop ass et Schmid an Tejada gelongen, fir sech am biergof aus dem Grupp ze léisen. Si konnte sech eng kleng Avance erausfueren an hunn um Enn d'Victoire ënnert sech ausgemaach. Am Sprint war de Schmid dunn en Tick méi séier wéi den Tejada.
De Peloton mam Maillot Jaune huet et e Freideg méi roueg ugoe gelooss an huet der Echappée eng zolidd Avance zougestanen. Op der Arrivée hat de Peloton mam Maillot Jaune Tadej Pogacar an de weidere Favoritten op de Podium e Retard vu siwe Minutten an 32 Sekonnen. A Giel bleift onverännert de Pogacar.