No de baltesche Staaten ass et fir de Ralph Diseviscourt a Polen eragaangen. Virun zwee Joer ass hien d'Race Around Poland gefuer. Seng Erënnerungen un dës Course sinn net déi Bescht. No 2.500 vun den 3.600 Kilometer hat hie wéinst Problemer mat der Nuque missen opginn. Dës Kéier ass et relativ onproblematesch duerch dat sechstgréisst Land vun der EU gaangen. Hien hat esouguer Zäit fir d'Masuren an déi flott Bëscher ze genéissen. Dobäi ass et och dacks iwwer gutt ausgebaute Vëlosweeër gaangen. Ee Problem gouf et awer. Dat war d'Hëtzt. D'Temperature sinn iwwer 40 Grad eropgaangen. Wann een den Dizzy bësse kennt, da weess een, datt hie léiwer ënnerwee ass, wann et méi kill ass. D'Hëtzt ass senges näischt. Zu Toruń hat hien awer trotzdeem nach Zäit, fir eng Foto virun der Statu vum Nikolaus Kopernikus ze maachen. Den Astronom gouf den 19. Februar 1473 an dëser Stad gebuer.
Nodeems de Ralph Diseviscourt aus Polen an Tschechien eragefuer ass, koum et zu enger technescher Pann, déi him vill Kappzerbrieches gemaach huet. Bei Temperaturen, déi nach ëmmer ganz héich waren, huet den Handy kapituléiert. Beim Restart ass dem Dizzy agefall, datt hien de PIN vum Telefon net wousst. Ergo, keen asazbereeten Telefon méi. An der Nuecht huet hien et awer fäerdeg bruecht, sech bei enger Tankstell, déi zwar zou war, iwwer dee WIFI ze connectéieren. Seng Fra an ee Kolleeg hunn et fäerdeg bruecht, iwwer d'Hotline vum Operateur een neie PUK ze kréien, esou datt den Dizzy nees mat der Welt connectéiert war. Géint hallwer zwou an der Nuecht huet hie sech nees op de Wee gemaach. Ënnert dem Vollmound huet hien och seng éischt Nuecht am Fräie verbruecht. Mat senger Loftmatrass huet hie sech et an engem Bushaische "gemittlech" gemaach. Vill ze schlofe gouf et awer net. Den éischte Bus ass schonns um 5:00 Auer laanscht komm an d'Nuetsrou war eriwwer. Laanscht "d'Böhmische Mittelgebirge" ass et Richtung Däitschland gaangen.
No der Hëtzt a Polen an och an Tschechien huet Däitschland den Dizzy mat Schloreen an Donnerwiedere begréisst. Dobäi ass den Terrain och méi schwéier ginn. Nom Passage a Bayern ass et relativ séier duerch Éisträich an d'Schwäiz eragaangen. Déi flott Landschafte konnt de Ralph net richteg genéissen. Hien hat nämlech eng Partie vu Platten an d'Reserv un Ersatzschläich ass lues awer sécher op en Enn gaangen. Dat huet un den Nerve geseet. Laanscht de schéine Lago Maggiore ass et eriwwer an Italien gaangen. D'Wiederkondtioune waren Ok an de Wand war gréisstendeels och favorabel. Den Terrain ass duerch d'Lombardei an de Piemont awer och méi schwéier ginn. Leider war den Dizzy och nees mat Platte geplot an och d'Batterien an de Manette ware platt, esou datt de Changement eng Zäitlaang net méi gaangen ass. Nom Wiessel vun de Batterië war de Problem awer behuewen.
Aktuell ass de Ralph Diseviscourt op der 3. Plaz am General. Hien huet gutt 400 Kilometer Retard op de Fransous Florian. Op den Zweeten, de Jens Volkersdorfer, huet hien ee Réckstand vu ronn 200 Kilometer. Bis op d'Arrivée zu Tarifa sinn et nach eng 2.600 Kilometer. An déi gi ganz schwéier mat de Passagen duerch d'Alpen an d'Pyrenäen.
Am Ganzen ass d'Northcape-Tarifa Bicycle Adventure ronn 7.400 Kilometer laang.