113. Editioun vum Tour de FranceAss den Tadej Pogacar och 2026 rëm net ze klappen?

Sam Rickal
Vum 4. bis de 26. Juli steet a Frankräich nees de Cyclissem am Mëttelpunkt. Ka sech den Tadej Pogacar op en Neits behaapten oder gëtt et eng Iwwerraschung?
Tour de France: Presentatioun vun den Ekippen
D'Grande Boucle start déi Kéier zu Barcelona a Spuenien

Iwwer 21 Etappe muss de Peloton souwuel Bierger, Sprinteretappen, Pawee-Secteuren, souwéi och en Ekippe- an Eenzelzäitfueren hannert sech bréngen. Ënner anerem geet et erop op d'Alp d'Huez, de Col du Galibier, de Col du Tourmalet an de Plateau de Solaison. 184 Coureuren, opgedeelt op 23 Ekippen, si vun e Samschdeg am Asaz.

De Grand Depart ass bei dëser Editioun zu Barcelona a Spuenien, wou déi éischt zwou Etappen ukommen. Fir den Optakt steet een Ekippenzäitfueren iwwer 19,6 Kilometer e Samschdeg um Programm. Déi éischt Woch bitt donieft de Sprinter, wéi och de Coureuren, déi hir Qualitéiten op wallonnéiertem Terrain hunn, eng Chance. Den éischte richtegen Test kënnt op der 6. Etapp mat der Arrivée uewen aus zu Gavarnie-Cèdre, wou virdrun nach de Col d'Aspin an de Col du Tourmalet ze fuere sinn.

Duerch de Massif central an d'Vogese geet et fir de Peloton déi lescht Woch an d'Alpen. Mam Plateau de Solaison, der Arrivée uewen aus zu Orcièrces-Merlette, zweemol op der Alp d'Huez an enger zweetleschter ganz schwéierer Etapp an de Bierger, ënner anerem mam Col du Galibier, hunn d'Coureure virun allem Richtung Schluss vum Tour de France nach eng Kéier e richteg stramme Programm viru sech. Déi lescht Etapp geet wéi gewinnt zu Paräis op Enn, ma genau sou wéi d'lescht Joer mussen d'Coureuren dräimol d'Côte de la Butte Montmartre erop, éier dann op der Champs-Élysées ka gefeiert ginn.

Kënne Vingegaard, Seixas, Evenepoel oder Lipowitz dem Pogacar e Been stellen?

Déi lescht zwee Joer war kee Kraut géint den Tadej Pogacar gewuess. De Slowen hëlt 2026 seng insgesamt 5. Schlussvictoire an d'Viséier a géif domadder de Rekord vum Miguel Indurain, dem Bernard Hinault, dem Eddy Merckx an dem Jacques Anqutil egaliséieren. Staark Prestatioune wéi ënner anerem déi beim Tour de Suisse ënnersträiche seng Top-Form. Donieft kann de 4-fache Vainqueur vun der Grande Boucle op d'Ënnerstëtzung vu sengem Co-Equipier Isaac del Toro zielen, dee réischt viru Kuerzem d'Tour Auvergne-Rhône-Alpes fir sech entscheede konnt. Dem 22 Joer ale Mexikaner ass eng Plaz um Podium duerchaus zouzetrauen.

Eppes géint eng weider Dominanz vu UAE huet wéi och an de leschte Joren de Jonas Vingegaard. Am Mee konnt sech den Dän fir déi éischte Kéier d'Schlussklassement am Giro d'Italia sécheren a geet domadder gestäerkt zu Barcelona un den Depart. Allerdéngs gëtt d'Aufgab fir de Coureur vu Visma|Lease a Bike alles anescht wéi einfach, virun allem och well de Wout Van Aert blesséiert net mat dobäi ass.

Gespaant dierfen d'Vëlosport-Supporter op de Paul Seixas sinn. Et ass dem réischt 19 Joer jonke Fransous säin éischte groussen Tour an natierlech rouen op him all déi franséisch Hoffnungen. Gestäerkt duerch d'Victoire bei der Flèche Wallonne kann de Coureur vun Decathlon CMA CGM Team vu senge Qualitéiten an der Descente, dem Contre-la-Montre an an de Bierger profitéieren, fir eng gutt Placéierung am Generalklassement erauszefueren.

An da ginn et jo nach déi zwee Coureure vu Red Bull–BORA–hansgrohe, nämlech de Remco Evenepoel an de Florian Lipowitz. De Leschtgenannte wéilt seng 3. Plaz beim Tour de France 2025 bei dëser Editioun am léifste widderhuelen. Mam Jay Hindley hunn déi Zwee e weidere staarke Partner un hirer Säit. Den Drock kéint beim Evenepoel awer eventuell en Tick méi grouss sinn. D'lescht Joer ass de 26 Joer ale Belsch mat groussen Erwaardunge bei Red Bull–BORA–hansgrohe gewiesselt, huet awer op der 14. Etapp bei der Grande Boucle d'lescht Joer missen opginn. Säin Trainingsplang gouf dowéinst ugepasst. De Gewënner vun der Amstel Gold Race vun dësem Joer ass de ganze Mee keng Course gefuer. Ob dat déi richteg oder falsch Decisioun war, gi mir spéitstens vun e Samschdeg gewuer.

E Wuert matschwätze wëllen och déi zwee Coureure vu LIDL-Trek Juan Ayuso a Mattias Skjelmose, den Thomas Pidcock an den Oscar Onley. D'Schlussvictoire am General ass hinnen awer éischter net zouzetrauen. Aus Lëtzebuerger Siicht ass nëmmen den Alex Kirsch fir Cofidis beim Tour de France mat dobäi.

Back to Top
CIM LOGO