Optakt vum Tour de FranceAlex Kirsch: "Bei der Presentatioun gëtt engem bewosst, wéi grouss dës Course ass"

RTL Lëtzebuerg
De Coureur vu Cofidis ass fir déi drëtte Kéier beim Tour de France dobäi.
© Val Wagner

E Samschdeg fänkt den Tour de France zu Barcelona mat engem Ekippenzäitfueren un. Als eenzege Lëtzebuerger ass den Alex Kirsch um Depart. Fir de 34 Joer ale Coureur konnt ee bei der Ekippepresentatioun gutt gesinn, datt den Tour de France déi gréissten a wichtegst Course op der Welt ass. Am RTL-Interview geet den Alex Kirsch op seng Aufgaben, déi eegen Ambitiounen an d'Wichtegkeet vu senger Fra a Famill u senger Säit an.

Op RTL kënnt Dir all d'Etappe vum Tour de France 2026 live kucken. Um RTL Play fannt Dir d'Etappen am Replay an och am Resumé. Alles ronderëm den Tour de France an e Gewënnspill gëtt et och an eisem Tour de France Dossier op RTL.lu.

D'Aufgaben iwwer déi nächst dräi Wochen

De Belsch Milan Fretin ass de Sprinter an der Ekipp Cofidis. De 25 Joer ale Coureur ass zu Genk gebuer a fiert d'Grande Boucle fir déi éischte Kéier. Déi grouss Nimm am Sprint heesche Jasper Philippsen, Tim Merlier oder och Olaf Kooij. Den Alex Kirsch ass sech bewosst, datt de Fretin nach net op dem Niveau vun den Top-Sprinter ass, gesäit awer am Tour eng Chance, fir awer eng Etapp ze gewannen. D'Aufgab ass et, fir de Fretin an déi beschtméiglech Positioun ze kréien an him Vertrauen ze schenken. Am Tour wieren d'Sprinter anescht wéi an all anere Courssen.

Den Alex Kirsch mat senge Coequipiere vu Cofidis (Drëtte vu riets)
Den Alex Kirsch mat senge Coequipiere vu Cofidis (Drëtte vu riets)
© ANNE-CHRISTINE POUJOULAT/AFP

Déi eegen Ambitiounen

Virum Optakt vun der Course fillt den Alex Kirsch sech gutt an ass zefridde mat senger Form. Den nationale Champion am Zäitfueren hat eng gutt Virbereedung an ass prett. Wann d'Méiglechkeet sech bitt, da géif den Alex Kirsch gären eemol op e Resultat fueren. D'lescht Joer huet awer gewisen, datt et net einfach ass, déi gutt Echappée ze erwëschen, an datt et ganz schwéier ass, aus sou engem Grupp raus ze gewannen.

D'Ënnerstëtzung vun der Famill

Dem Alex Kirsch seng Fra Sophie ass eng wichteg Stäip an der Karriär vum Coureur. Hiren Asaz erlaabt et dem Profi-Sportler, fir sech komplett op de Sport a seng Leeschtung ze konzentréieren. Fir dësen Tour de France reest d'Famill mat den dräi Kanner mat, fir de Papp ze ënnerstëtzen an ze motivéieren.

Back to Top
CIM LOGO